Wëntger
CSV an DP si sech eens ginn, Sondéierungsgespréicher an e puer Deeg

Zu Wëntger sinn 11 Leit an d'Gemeng gewielt ginn: 4x LSAP, 4x CSV, 2x DP, 1x ADR.
Virop steet de Gemengeconseiller an LSAP-Deputéierte Carlo Weber. Hien huet mat 1.864 Stëmmen der och wäit méi wéi den Zweetgewielte vun der CSV, den zweete Schäffe Lucien Meyers, mat ronn 1.400 Stëmmen. Allerdéngs ass d'CSV déi stäerkst Partei mat ronn 37 Prozent, virun de Sozialiste mat 31 Prozent.
Schonn um Walowend sinn dofir d'DP an d'CSV beienee komm a sech eens ginn, dass een an der nämmlechter Konstellatioun wéilt virufueren. D'Sondéierungsgespréicher sollen an e puer Deeg lassgoen. Et gëtt gewaart aus Respekt virum Doud vun engem Familljemember vun engem vun de Gewielten.
Am meeschte gelies