Zu Dikrech verléiert d’LSAP hir absolut Majoritéit. D’CSV huet zougeluecht. Do sinn also elo e puer Konstellatiounen - och mat der DP - méiglech.

Zu Dikrech verléiert d’LSAP hir absolut Majoritéit, dat no zwou Legislaturperioden. Der Partei bleiwen nach 5 Mandater. D’CSV huet par contre zougeluecht a kënnt elo wéi d’LSAP op 37% a kritt deemno och 5 Sëtz. D’DP kann och bäileeën a kënnt op 2 Mandater. Méiglech wier also eng Koalitioun tëscht CSV an DP, déi zesummen op 7 Sëtz kommen. Deit sech also an der Iesel-Stad e politesche Wiessel un?

Et géing elo dorëms goen, Brécken ze bauen, zu engem méigleche Koalitiounspartner. D’Kaarten an der Hand huet de Meeschtgewielte Charel Weiler vun der CSV. Wou d’Rees higeet, schéngt kloer, den aktuelle Gemengeconseiller an CSV-Spëtzekandidat wëll Buergermeeschter ginn.

Deen aktuellen LSAP-Gemengepapp Claude Thill ass sech där Gefor bewosst, e Sonndeg hat hie sech iwwerrascht gewisen iwwer d’Resultat.

Déi nächst 6 Joer kéinten d’CSV an d’DP zesummen iwwer d’Zukunft vun Dikrech entscheeden. Virun der Kamera huet ee sech bedeckt gehalen, d’Gespréicher géingen am Hannergrond lafen, esou den DP-Spëtzekandidat an aktuelle Gemengeconseiller José Lopes Gonçalves. D’Méiglechkeete stéinge prinzipiell all op, eng Sympathie ass awer definitiv erauszehéieren.

Eng Hëllef bei der Entscheedung kéint awer de Fait sinn, dass nieft der CSV och d’DP u Stëmme gewonnen huet. Den Owend wëllen déi eenzel Parteien zesummekommen.