Alles deit op eng Koalitioun vun der DP mat der LSAP hin

© Didier Weber / RTL
Déi zwou Parteien hunn e Méindeg den Owend eng lettre d‘intention ënnerschriwwen.
D'Parteie vun der Éischtgewielte Carole Hartmann (DP) an dem Zweetgewielte Ben Scheuer (LSAP) komme schonn haut fir konkret Koalitiounsgespréicher beieneen.
Programmatesch léich een relativ no beieneen, mengt d'Carole Hartmann op Nofro hin. Béid Partien hätten och Eenzelgespréicher mat der CSV gehat. Ma op Basis vun de Resultater, wou d'CSV no deene Gréngen am meeschte Prozentpunkten verluer hat, léich eng Blo-Rout Koalitioun op der Hand. D'DP hat ëmmerhi knapps 11 Prozentpunkten bäigeluecht a krut och ee Sëtz bäi.
Wéinst hirem gudde perséinleche Score vun 1.860 Stëmmen äussert d'Carole Hartmann RTL géintiwwer och hiren Usproch nei Buergermeeschtesch an der Abteistad ze ginn. De Ben Scheuer géif deemno éischte Schäffen ginn.