Koalitiounsverhandlunge loossen op sech waarden

Zu Dikrech musst d'LSAP e Sonndeg vill Plomme loossen. D'Sozialiste si vu 7 op 5 Sëtz gefall an hunn doduerch hir absolut Majoritéit verluer.
Déi 2 Sëtz goungen un d'CSV an d'DP, déi op 5, respektiv 2 Sëtz koumen, wärend déi Gréng bei 1 bliwwe sinn. Hannert de Kulissen war am Virfeld vun Dikrech ze héieren, datt d'CSV an d'DP eng Koalitioun agoe géingen, wann et rechneresch méiglech wier.
Ma bis elo ass et nach net zu Gespréicher komm, wéi de José Lopes vun der DP erkläert huet. Hie géing och net d'Initiativ ergräifen. Dat selwecht gëllt fir d'LSAP ronderëm den Nach-Buergermeeschter Claude Thill.
De Ball läit deemno bei der CSV ronderëm de Spëtzekandidat Charel Weiler. Dësen huet op Nofro hin erkläert, datt ee mat alle Parteie Gespréicher féiere wäert an d'Rendez-vouse scho fixéiert sinn. Deemno wéi kéint et also séier goen an der Ieselstad.