Zu Jonglënster ass d'DP als Gewënner aus de Walen ervirgaangen.

Wärend déi Liberal 1 Sëtz gewonnen hunn an elo op 5 kommen, huet d'CSV ee verluer a kënnt nach op 4. Déi Gréng si bei 2 Sëtz bliwwen an d'Biergerlëscht "Är Bierger" krut och op 2 Mandater.

Dem DP-Schäffen a Spëtzekandidat Ben Ries no kommen déi Liberal en Dënschdegowend um 21 Auer zesummen, fir ze decidéieren, mat wiem ee Gespréicher iwwert eng méiglech Koalitioun zu Jonglënster ufänkt.