Och zu Lëtzebuerg ass grad Vakanzewieder, ma trotzdeem hu verschidde Leit, déi an de Gemengewale matgaange sinn, dem Grand-Duché grad elo de Réck gedréint.

Och wann dat jidderengem fräi steet, kann et d'Bildung vu Koalitioune respektiv Schäfferéit ausbremsen, virun allem wann déi betraffe Leit ee gudde Score gemaach hunn.

Sou ass beispillsweis d'Carole Gils, Beschtgewielten an der Gemeng Tandel, aktuell net am Land. Dowéinst ass nach net gewosst, ob si de Poste vun der Buergermeeschtesch unhuele wäert. Zu Tandel war de laangjärege Gemengepapp Aly Kaes jo net méi mat an d'Wale gaangen.

Zu Ierpeldeng-Sauer schéngt sécher, datt den Deputéierten André Bauler Buergermeeschter wäert ginn, de Claude Gleis, dee bis elo op deem Poste souz, gouf Zweetgewielten an dierft 1. Schäffe ginn. Wien 2. Schäffe gëtt ass allerdéngs nach net gewosst. D'Léa Schaeffer krut déi drëttmeeschte Stëmmen, ma op d'Fro, ob si de Posten am Schäfferot unhuele wäert, gëtt et aktuell nach keng Äntwert. Déi wäert et wuel réischt ginn, wa si aus der Vakanz rëm ass.