Éischte Schäffen gëtt de Jos Schummer, den Lucien Bechthold iwwerhëlt de Poste vum Zweete Schäffen.

Zanter 2016 ass de Jerôme Laurent elo scho Buergermeeschter zu Mäertert-Waasserbëlleg, an dat wäert hien och déi nächst sechs Joer bleiwen. Am Gemengerot sëtzen weider fir d’LSAP d’Nadine Lang-Boever, d’Mireille Wirtz-Lenertz an de Claude Franzen. Dat deelt d'LSAP-Sektioun aus der Gemeng en Dënschdeg den Owend mat.

Un der Sëtzverdeelung huet sech mat de Walen näischt geännert: D'LSAP kënnt op sechs, d'CSV op dräi an d'DP op zwee Sëtz.