Zu Munneref konnt sech d'DP e Sonndeg däitlech duerchsetzen. Déi Liberal kruten 52,6 Prozent an hunn doduerch ee Sëtz gewonnen a kommen elo op 7.

Obwuel si och scho mat 6 Sëtz eng absolut Majoritéit haten, waren déi Blo awer eng Koalitioun mat deene Gréngen agaangen. Ma de Steve Schleck wäert de Poste vum Schäffen awer raume mussen, wéi de Buergermeeschter Steve Reckel op Nofro hin erkläert huet. D'DP mécht nämlech eleng weider an déi Drëttgewielten Tessy Altmann gëtt 2. Schäffin.