An der Majorzgemeng Manternach huet ee sech op een neie Schäfferot gëeenegt. De Jean-Pierre Pol dit Jempy Hoffmann bleift Buergermeeschter.

1. Schäffe gëtt den Zweetgewielte Claude Theisen an 2. Schäffin déi Drëttgewielten Alix Ungeheuer épouse Klein. Si haten dës Posten och schonn an der viregter Legislaturperiod.