CSV an déi Gréng ënnerschreiwe Koalitiounsaccord
Den aktuelle Buergermeeschter Raymond Weydert hat sech dëst Joer net méi opgestallt. Zu Nidderaanwen heescht den neie Buergermeeschter Fréd Ternes.
An der Gemeng Nidderaanwen geet d'CSV ronderëm de Meeschtgewielte Fréd Ternes eng Koalitioun mat deene Gréngen an, déi zwee Sëtz kruten. Dat ënnert anerem, well eent vun de groussen Ziler vun der CSV ass, bis 2030 als Gemeng klimaneutral ze sinn an dofir wieren déi Gréng dee beschte Partner, esou de Fréd Ternes géintiwwer RTL. Éischt Schäffe gëtt d'Jojo Cames-De Vries vun déi Gréng, zweete Schäffen gëtt de Jacques Bauer vun der CSV.
D'CSV huet fënnef Sëtz, wärend d'Oppositiounsparteie LSAP an DP op jeeweils dräi Sëtz kommen. Zu Nidderaanwen war de Raymond Weydert no 30 Joer an der Politik, dovun 22 als Buergermeeschter, net méi mat ugetrueden. An der Vergaangenheet hat et an der Gemeng Nidderaanwen éischter Koalitiounen tëscht der CSV an der LSAP ginn.