Déifferdeng
Koalitioun tëscht LSAP an CSV, Guy Altmeisch gëtt Buergermeeschter

Wéi d'CSV Déifferdeng en Dënschdeg den Owend matdeelt, stelle si zesumme mat der LSAP déi nächst 6 Joer eng Koalitioun zu Déifferdeng.
Buergermeeschter gëtt, wéi erwaart, den LSAP-Politiker Guy Altmeisch. Éischte Schäffe gëtt den Tom Ulveling vun der CSV, zweeten den Thierry Wagner (LSAP), drëtte Schäffe gëtt de Jerry Hartung (CSV) an de Fred Bertinelli (LSAP) gëtt 4. Schäffe fir eng éischt Period vu 4 Joer, dono iwwerhëlt e Schäffe vun der CSV, deen nach festgeluecht muss ginn.
Am meeschte gelies