Zu Duelem wëllt ee fir konstruktiv Gespréicher zesummekommen. D'Francine Ernster wëllt iwwerdeems net méi Buergermeeschtesch ginn.

An der Majorzgemeng Gemeng Duelem, am Kanton Réimech, schénge sech d'Gemidder nees e bëssi ze berouegen. En Dënschdeg war duerchgesickert, dass e Géigemouvement géint de Meeschtgewielte Romain Kill (knapp 600 Stëmmen) sech forméiert hätt.

Den Zweetgewielte René Ernst (522 Stëmmen) an déi Drëttgewielte Peggy Olinger (512 Stëmmen) wollte sech mat der Fënnefgewielte Francine Ernster (484 Stëmmen) zesummendoen. D'Francine Ernster war scho vun 1999 bis 2005 Buergermeeschtesch vun der Gemeng a sollt nees zréck op dëse Posten. Fir dës Iddi haten déi Dräi och eng Majoritéit vu 5 Leit hannert sech.

Ma elo huet sech d'Blat nees gedréit. D'Francine Ernster huet sech no ville Reaktiounen, déi en Dënschdeg no engem RTL-Reportage iwwer d'Situatioun zu Duelem komm waren, ëmdecidéiert. Si zitt hir Kandidatur fir de Buergermeeschterposten zréck, fir dass nees Rou géing akéieren.

Als Conseillère géing si wëlle mat am Gemengerot schaffen an déi nei Majoritéit ënnerstëtzen. Ob dat och fir de Polit-Newcomer Romain Kill géing gëllen, wann dëse Buergermeeschter gëtt oder am Schäfferot kënnt, seet d'Francine Ernster: "Dat ass fir mech guer kee Problem". Si hätt am Interêt vun der Gemeng wëllen handelen, well d'Gemeng an engem desolaten Zoustand wier, sou hir Erklärung fir de Mouvement géint den Éischtgewielten.

De meeschtgewielte Romain Kill seet dann an enger éischter Reaktioun, dass hien d'Decisioun vun der Francine Ernster géing respektéieren. Elo géing och si sech un den demokratesche Prozess halen. D'Wieler hätten déi dräi éischt Leit op déi éischt Plaze gewielt. Lo solle sech dës gemeinsam mat de Membere vum Gemengerot zesummesëtzen an eng konstruktiv Léisung fir de Gemengerot fannen, betount de Romain Kill.

Seng Intentioun verstoppt hie weiderhin net. Hie wëll Buergermeeschter ginn, fir e Renouveau an d'Gemeng vu ronn 2.400 Awunner ze bréngen. Dat Wichtegst wier, déi nächst 6 Joer d'Gemeng proaktiv no vir ze bréngen.