Réiser
LSAP krut absolut Majoritéit - Tom Jungen bleift Buergermeeschter

Well d'Sozialisten ee Sëtz an der Gemeng bäigewonnen hunn, hu si d'Majoritéit am Gemengerot a kënnen ouni Koalitioun déi nächst 6 Joer zu Réiser regéieren.
Zu Réiser bleift den Tom Jungen (LSAP) weider 6 Joer Buergermeeschter. D'LSAP hat ee Sëtz an domat déi absolut Majoritéit gewonnen. Si fueren dann och ouni d'CSV als Koalitiounspartner virun. Deemno ginn d'Bettina Ballmann an den Angelo Lourenço éischt an zweete Schäffen. Si waren Zweet- an Drëttgewielt.
Am meeschte gelies