Zu Dikrech wäert et déi nächst 6 Joer eng Koalitioun tëscht der CSV an der DP ginn.

Doriwwer sinn déi Blo an déi Schwaarz sech eens ginn. Buergermeeschter gëtt de Charel Weiler vun der CSV, de Liberale José Lopes Gonçalves gëtt 1. Schäffen. 2. Schäffe gëtt de Paul Bonert vun der CSV. Béid Parteien haten e Sonndeg jee 1 Sëtz bäigewonnen, d'CSV kënnt elo op 5 an d'DP op 2 Mandater.

D'LSAP ronderëm den Nach-Buergermeeschter Claude Thill war zwar ganz knapp déi stäerkste Fraktioun bliwwen, si hat ee Virsprong vu 7 Stëmmen, ma hat awer 10 Prozent an domadder 2 Sëtz par Rapport zu 2017 verluer. No 12 Joer absolutter Majoritéit sëtzen déi 5 LSAP-Conseilleren zu Dikrech also geschwënn an der Oppositioun, dat zesumme mat deem Grénge Fränk Thillen.

Liest hei nach all d'Resultater vun Dikrech no.