Den Éischtgewielte gëtt Buergermeeschter

Zu Duelem hat et no de Gemengewale kuerz ausgesi, wéi wa sech e Géigemouvement géint de Meeschtgewielte Romain Kill forméiere géif.
Den Zweetgewielte René Ernst (522 Stëmmen) an déi Drëttgewielte Peggy Olinger (512 Stëmmen) wollte sech mat der Fënnefgewielte Francine Ernster (484 Stëmmen) zesummendoen. D'Francine Ernster war scho vun 1999 bis 2005 Buergermeeschtesch vun der Gemeng a sollt nees zréck op dëse Posten. Fir dës Iddi haten déi Dräi och eng Majoritéit vu 5 Leit hannert sech.
D'Francine Ernster hat sech no ville Reaktiounen, déi en Dënschdeg no engem RTL-Reportage iwwer d'Situatioun zu Duelem komm waren, allerdéngs ëmdecidéiert an hir Kandidatur zeréckgezunn.
Deemno forméieren déi 3 Meeschtgewielten elo zu Duelem de Schäfferot. Dat mam Romain Kill als Buergermeeschter a mam René Ernst a Peggy Olinger als Schäffen.