DP an LSAP fannen en Accord

© RTL Archiv
An der Gemeng Sandweiler steet de Schäfferot an do wäert et e Splitting ginn.
D'DP an d'LSAP hunn en Accord fonnt. De Buergermeeschterposte gëtt opgedeelt. Déi éischt 2 Joer wäert d'Sozialistin Jacqueline Breuer un der Spëtzt vun der Gemeng stoen.
Den Éischtgewielte Claude Mousel (DP) gëtt wärend där Zäit éischte Schäffen, déi liberal Corinne Courtois gëtt zweete Schäffen.
Fir déi lescht 4 Joer Joer gëtt de genannte Claude Mousel da Buergermeeschter vu Sandweiler. D'Corinne Courtois bleift am Amt.
De Georges Reuter vun der LSAP réckelt dann an de Schäfferot no. Bei de Gemengewalen hat déi aktuell schwaarz-gréng Majoritéit ronderëm d'Buergermeeschtesch Simone Massard-Stitz ferm Plomme gelooss, parallel waren DP an LSAP gestäerkt ginn.