Zu Ierpeldeng-Sauer gëtt et eng fatzeg Iwwerraschung. De Claude Gleis bleift Buergermeeschter.

E Méindegowend huet sech den Zweetgewielte mat 6 zu 3 Stëmme géint den Éischtgewielten André Bauler duerchgesat.

1. Schäffin gëtt déi Drëttgewielte Léa Schaeffer an 2. Schäffe gëtt de Frank Kuffer, dee just op déi 8. vun 9 Plaze komm war. Dat well eng Partie Leit, déi besser ofgeschnidden haten, net wollten.

An enger éischter Reaktioun weist sech den André Bauler extrem enttäuscht, de Wielerwëlle wier net respektéiert ginn. Him wier de Poste vum 1. Schäffen ugebuede ginn, mee deen hätt hien awer net kënnen unhuelen, well hien dat Virgoe soss guttgeheescht hätt.

De Claude Gleis bezeechent d'Situatioun als net ideal, hien hätt léiwer gehat, den André Bauler hätt de Posten ugeholl, ma hie kéint seng Decisioun awer verstoen. Hie selwer wier an der leschter Woch vu ville Leit dozou encouragéiert ginn, ëm de Buergermeeschterstull ze kämpfen. Hie wier lo zanter 10 Joer Gemengepapp an op deem Posten ageschafft. Zudeem hätt hien de Virdeel, anescht wéi den André Bauler keen Deputéiertemandat ze hunn a sech dowéinst voll op d'Aarbecht an der Gemeng kënnen ze konzentréieren.

Den André Bauler war scho vun 2011 bis 2013 Buergermeeschter zu Ierpeldeng, bis hien als Staatssekretär an d'Regierung gewiesselt war.