Zu Luerenzweiler hate sech bei de Gemengewalen d'Vertrieder vun "Är Leit" majoritär duerchgesat a krute 6 vun den 11 Plazen am Gemengerot.

Et sinn dann och déi dräi Éischtgewielten, déi de Schäfferot wäerte besetzen.

De Buergermeeschter-Poste geet un d'Marguy Kirsch-Hirtt, déi mat 1.405 Stëmmen d'Walen hei och gewonnen hat. 1. Schäffe gëtt de Paul Bach an 2. Schäffen de Frazer Alexander.