Hie war mat enger Stëmm Virsprong deen Éischtgewielten op der Ëlwenter Biergerlëscht, déi d'absolut Majoritéit eruewere konnt.

Den Edy Mertens, deen zanter 2011 Buergermeeschter vun Ëlwen ass, bleift och déi nächst 6 Joer un der Spëtzt vun der Nordgemeng. Dat hunn déi 8 Membere vun der Ëlwenter Biergerlëscht eestëmmeg decidéiert. 1. Schäffe gëtt den Zweetgewielte Guy Henckes, 2. Schäffen den Drëttgewielte Carlo Schroeder.

D'Ëlwenter Biergerlëscht huet mat 8 Sëtz déi absolut Majoritéit, d'Oppe Lëst Ëlwen kënnt op 3 Mandater am Conseil. An deene leschten Deeg war et zu Diskussiounen zu Ëlwen komm, well de Guy Henckes, dee 464 Stëmme bäigewanne konnt a just eng Stëmm manner wéi den Edy Mertens krut, deem säin Usproch op de Buergermeeschterstull a Fro gestallt hat. Dem Edy Mertens no goufen d'Meenungsverschiddenheete mëttlerweil aus der Welt geraumt. Hie kéint de Virworf, deen de Guy Henckes vis-à-vis vum "Lëtzebuerger Wort" formuléiert hat, de Buergermeeschter wier bei ëffentleche Manifestatiounen an der Gemeng net present genuch, net novollzéien. Hien hätt als Dokter keng Zäit, op all Fest ze goen, mee bei deene wichtegen Decisiounen, déi am Schäfferot getraff ginn, wier hien ëmmer do gewiescht. Dat stellt de Guy Henckes dann och net a Fro.

Béid Männer betounen, datt et lo Zäit wier, no vir ze kucken an am Sënn vun der Gemeng zesummenzeschaffen.