Wagner bleift Buergermeeschter
Zu Stengefort steet de Schäfferot

D'LSAP hat bei de Walen den 11. Juni knapp 56 Prozent vun de Stëmme kritt an ass deemno net méi op e Koalitiounspartner ugewisen.
De Sammy Wagner bleift Buergermeeschter, éischt Schäffe gëtt d'Marianne Dublin-Felten, déi bis elo 2. Schäffe war, an zweete Schäffen de Guy Erpelding. Virun de Wale waren d'Sozialisten zu Stengefort mat de Gréngen an enger Koalitioun.
Am meeschte gelies