Et ass net wierklech eng Iwwerraschung: d'DP-CSV Koalitioun an der Stad geet fir déi nächst 6 Joer an d'Verlängerung.

Nach virum laange Weekend haten d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer an den 1. Schäffe Serge Wilmes kuerzfristeg op eng Pressekonferenz invitéiert, fir de positiven Ausgang vun de Koalitiounsverhandlungen ze presentéieren. Béid Parteie wäre sech op alle Punkten eens ginn. De gemeinsame Programm soll elo finaliséiert ginn.

De Schäfferot wäert weider aus 7 Leit bestoen. 4 Membere vun der DP an 3 vun der CSV. Konkret Nimm wollten d'Lydie Polfer an de Serge Wilmes net nennen, ma si waren dann awer zimmlech konkret. Bei der Zesummesetzung vum Schäfferot géif de Wielerwëlle komplett respektéiert ginn. Heescht: déi Politikerinnen a Politiker mat de meeschte Stëmme kommen an de Schäfferot. Bei der DP sinn dat also d'Lydie Polfer, de Patrick Goldschmidt, d'Corinne Cahen an d'Simone Beissel. Bei der CSV de Serge Wilmes, de Maurice Bauer an de Paul Galles.

En Dënschdeg géif d'Inneministesch per Courrier informéiert ginn. De 17. Juli wäerten déi 10 nei Gemengeréit vereedegt ginn. Duerno gëtt de Schäfferot offiziell virgestallt. Grad ewéi d'Opdeelung vun de Ressorten tëscht de béide Parteien.