D'Gemeng un der Nordspëtzt vum Grand-Duché huet een neie Schäfferot. Nieft dem Claude Daman gëtt de Mike Hahn 1. an de Néckel Polfer 2. Schäffen.

2 Wochen no de Walen huet och d'Majorzgemeng Wäiswampech een neie Schäfferot. Den Eischtgewielte Claude Daman gëtt neie Buergermeeschter an domat Nofollger vum Henri Rinnen, deen 28 Joer un der Spëtzt vun der Gemeng stoung. 1. Schäffe gëtt den Zweetgewielte Mike Hahn, 2. Schäffen de Véiertgewielte Néckel Polfer. Déi Drëttgewielte Stéphanie Geiben duerf wéinst hirer neier Aarbecht net Member vum Gemengerot ginn. Dowéinst soll de Pol Holweck, deen op der 10. Plaz gelant war, an de Conseil noréckelen.