Emergency.luZwee Mataarbechter fléien um Freidegowend mat enger Air-Rescue-Maschinn a Venezuela

Diana Hoffmann
No dem staarken Äerdbiewen a Venezuela schéckt Lëtzebuerg humanitär Hëllef an d'Katastrophegebitt.
Archivfoto.
© Emile Mentz

Konkret ginn zwee Membere vum Humanitarian Intervention Team (HIT) vum CGDIS mat engem "emergency.lu"-Satellittekommunikatiounssystem a Venezuela. Si sollen dofir suergen, datt d'Telekommunikatioun nees funktionéiert, fir datt humanitär Organisatiounen hir Aarbecht op der Plaz kënne maachen. D'Ekipp soll e Freideg den Owend um 23 Auer mat engem Fliger vu Luxembourg Air Rescue fortfléien.

Donieft ginn dräi weider HIT-Experten d'Koordinatiounsekipp vun der Europäescher Kommissioun op der Plaz ënnerstëtzen. Si reesen e Samschden de Moien iwwer Roum mat engem Spezialfliger vun der europäescher Unioun weider.

D'Missioune sinn am Ufank fir ronn zwou Woche virgesinn. D'Aktioun leeft am Kader vum europäesche Katastropheschutzmechanismus a gëtt zu 75 Prozent vun der Europäescher Unioun an zu 25 Prozent vum Lëtzebuerger Ausseministère finanzéiert, wéi den Ausseministère an den Inneministère an engem Communiqué matdeelen.

Assistance humanitaire du Luxembourg dans le cadre du tremblement de terre au Venezuela (26.06.2026)
Communiqué par : Direction de la coopération au développement et de l'action humanitaire / ministère des Affaires intérieures / ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur

Back to Top
CIM LOGO