
En 20 Joer jonke Mann aus Lëtzebuerg war e Freideg am Virmëtteg géint 11:10 Auer bei enger Offaart aus bis ewell ongekläerte Grënn gefall an huet sech dobäi schwéier blesséiert. Hie gouf vun engem Rettungshelikopter an e Spidol geflunn, esou d'Police weider. Am selwechte Bikepark wier iwwerdeems och den Dag drop e Kand gefall an hätt sech dobäi schwéier verletzt. Et gouf mat enger Ambulanz an d'Spidol gefouert.