Bankeskandal am ParaguayLëtzebuerg soll bei der Sich no verschwonnene Gelder hëllefen

AFP, iwwersat vun RTL
D'Affär huet och fir de President Santiago Peña Konsequenze gehat. Hie gouf ofgesat a koum an Untersuchungshaft. Hie soll seng politesch Positioun am Zesummenhang mat finanziellen Interête bei der Ueno Bank mëssbraucht hunn.
An engem Summerhaus vum Santiago Peña gouf och eng besonnesch gutt geséchert Tresor-Kummer entdeckt.
© LUIS ROBAYO/AFP

No engem massive Bankeskandal am Paraguay hunn d'Autoritéiten och Lëtzebuerg no Hëllef gefrot. Zesumme mat Argentinien an den USA soll no Verméigensfonge gesicht ginn, déi a Verbindung mam Zesummebroch vun der Ueno Bank stinn. D'Affär huet schonn zur Ofsetzung an zum Arrest vum President Santiago Peña gefouert.

D'Zil ass et, méiglecherweis an d'Ausland transferéiert Gelder ze lokaliséieren, ze sécheren a spéider an de Paraguay zeréckzebréngen, fir déi betraffe Bankclienten ze entschiedegen.

Wéi eng Gelder sech konkret zu Lëtzebuerg kéinte befannen, ass bis elo net kloer. D'Enquêteure wëllen ënner anerem méiglech Verméigenswäerter vun de verdächtege Persounen a Gesellschaften iwwerpréiwen. Am Kader vun den Ermëttlunge gouf och ugefrot, fir Kryptoassets zu Lëtzebuerg afréieren ze loossen.

Ronn dräi Millioune Clientë vun der Ueno Bank haten nom Agrëff vun der Zentralbank keen Zougang méi zu hire gespuerte Gelder. Och ëffentlech Gelder, dorënner Suen aus Pensiounsfongen, ware bei der Bank placéiert.

D'Zentralbank huet mëttlerweil ugefaangen, Depoten zeréckzebezuelen. De staatleche Garantiefong deckt awer just bis zu 36.000 Dollar pro Kont of. Fir méi héich Zommen, besonnesch déi vun ëffentlechen Institutiounen, bleift d'Onsécherheet grouss. D'Recuperatioun vu méiglecherweis ofgezweigte Gelder am Ausland kéint dofir eng entscheedend Roll spillen.

Fir Lëtzebuerg steet virun allem déi méiglech Roll bei der internationaler Finanzermëttlung am Mëttelpunkt. Ob hei tatsächlech Verméigenswäerter aus dem Bankeskandal lokaliséiert oder geséchert kënne ginn, mussen déi weider Enquêten elo weisen.

Back to Top
CIM LOGO