Dat US-amerikanescht Militär huet no enger iranescher Menace 9 Tankfligere vun enger Militärbase a Groussbritannien ofgezunn. Dat mellt de Wall Street Journal, ouni genee Detailer zur Bedroung ze nennen. Déi 9 Tank- an 3 weider Fligere wiere vu Mildenhall am ëstleche Suffolk op Basen an Däitschland an a Spuenien evakuéiert ginn.
Réischt virun e puer Woche waren US-Bombere vun der Airbase Fairford ofgezu ginn, nodeems et am Kontext mam Krich am Iran zu engem Sécherheetstëschefall komm war.