No Schëss bei ElbphilharmoniePolice entdeckt Läich vu presuméiertem Täter an engem Hotel zu Hamburg

RTL mat AFP
An der Hamburger Hafencity huet d'Police no Schëss de presuméierten Täter dout opfonnt.
An der Elbphilharmonie koum et e Mëttwoch zu engem gréissere Policeasaz.
An an der ëm d'Elbphilharmonie zu Hamburg koum et e Mëttwoch zu engem gréissere Policeasaz.
© MARCUS BRANDT/dpa Picture-Alliance via AFP

Zu Hamburg gouf et en Dënschdeg e gréissere Police-Asaz an der Géigend vun der Elbphilharmonie. En Dënschdeg Moie waren d‘Rettungsdéngschter geruff ginn, wéinst zwou blesséierte Persounen an der Hafencity. Eng Fra ass liewensgeféierlech blesséiert ginn an ee Mann schwéier. D'Police huet vun op d'mannst engem Schoss, dee gefall wier, geschwat. Éischten Indicen no kéint de Virfall familiär Hannergrënn hunn. Eng Gefor fir d'Populatioun hätt net bestanen.

Antëscht ass de presuméierten Täter dout an engem Zëmmer am Elbphilharmonie-Hotel fonnt ginn. Den 68 Joer ale Mann soll sech éischten Informatiounen no selwer ëmbruecht hunn, esou e Porte-Parole vun der Police. Virdrun war en Deel vun der Philharmonie evakuéiert ginn.

Et wier och en Dekontaminatiounscontainer virum Gebai opgestallt ginn, melle Reporter vun der Plaz.

Am Laf vum Nomëtteg huet d'Police da matgedeelt, datt de Verdacht besteet, datt de presuméierten Täter virun der Dot zu Hamburg och zu Reutlingen a Baden-Württemberg zwee Mënsche soll ëmbruecht hunn. D'Läiche goufen an enger Wunneng entdeckt.

Back to Top
CIM LOGO