Deceptively QuietDéi nei Foto-Expo vum Véronique Kolber

Patricia Baum
An hirer Ausstellung verschafft si eng Rei Evenementer aus hirem Privatliewen déi si markéiert hunn. D'Autoportraite weisen déi Momenter an der Nuecht vu Verzweiflung, Langweil, vun der Zäit déi net ëmgeet.
D'Expo "Deceptively Quiet"
Der Fotografin Véronique Kolber hir Ausstellung an der Galerie Dominique Lang.

"Deceptively Quiet" esou heescht der Fotografin Véronique Kolber hir nei Ausstellung an der Galerie Dominique Lang. Et ass eng ganz perséinlech Aarbecht, déi si hei weist, wou de Schlof oder besser gesot d'Schloflosegkeet eng wichteg Roll spillt.

D'Fotoe weisen awer och de komeschen Hallef-Zoustand an deem ee sech befënnt, wann een net wierklech wakereg ass an och net wierklech schléift. Wéi wann ee sech an enger Tëschewelt géing befanne wou ee blockéiert ass an d'Welt ronderëm ee schléift. D'Ausstellung weist dann och de fragillen a verletzlechen Zoustand an deem d'Fotografin deemools war. Ma awer och d'Erënnerunge spillen an dëser Aarbecht eng wichteg Roll. Erënnerungen déi deemno flou kënne si sinn, déi mat Emotiounen iwwerluede sinn oder déi och emol verfälscht sinn.

"Deceptively Quiet" kann een nach bis den 8. November an d'Galerie Dominique Lang zu Diddeleng kucke goen.

Back to Top
CIM LOGO