No Affär mat SpiouninNvidia-Ceo Jensen Huang trëtt vun all senge Posten zréck

AFP, iwwersat vun RTL
De Jensen Huang trëtt en Donneschdeg no 33 Joer un der Spëtzt vun Nvidia zréck.
© SOEREN STACHE/dpa Picture-Alliance via AFP

De Grënner vun Nvidia Jensen Huang huet vu sengem Posten als CEO demissionéiert. Dat no 33 Joer un der Spëtzt vun enger vun deene wichtegsten Technologie-Entreprisen weltwäit.

De Virstand vun der Entreprise deelt mat, datt den Huang mat direkter Wierkung vu senge Posten als President, Ceo a Member vum Verwaltungsrot zréckgetruede wier.

D'Finanzdirektesch Colette Kress wäert d'Roll vum CEO am interim iwwerhuelen, wärend si weider an hirer Funktioun am Finanzberäich wäert schaffen an de Virstand wäert intern an extern Kandidate fir eng dauerhaft Nofolleg consideréieren.

Virun e puer Deeg hat de Verwaltungsrot eréischt annoncéiert, datt eng Enquête géif gemaach ginn, well de Jensen Huang eng Relatioun mat enger Fra hat, déi am Verdacht steet, fir China spionéiert ze hunn. En Donneschdeg hunn d‘New York Times geschriwwen, datt hien och eng Relatioun mat enger Fra hat, déi fir Nvidia geschafft huet. D‘Chippen, déi Nvidia produzéiert, sinn an de leschte Joren zum Schlëssel fir d‘Evolutioun vu kënschtlecher Intelligenz ginn.

Back to Top
CIM LOGO