
Zwou Persounen, déi sech infizéiert haten, si gestuerwen. Offiziell Fäll goufe bis ewell 34 gezielt, dovunner 23 confirméierter. Um Campus vun der Uni vu Kent hu sech eleng e Samschdeg iwwer 400 Leit géint Meningokokken B impfe gelooss. Déi brittesch Gesondheetsautoritéiten haten, wéinst den aussergewéinlech ville Fäll mateneen, eng grouss Impfcampagne lancéiert.
Bis ewell goufen 5764 Impfungen gemaach an iwwer 11.000 Dosissen Antibiotique verdeelt. D’Santé geet dovunner aus, datt d’Infektiounen hir Originnen an enger Disko hunn, wou Studenten tëscht dem 5. a 7. Mäerz gefeiert haten.
A Groussbritannien ginn Neigebuerener zanter 2015 géint Meningokokken B geimpft. Do virdru gëtt et fir déi Variant also keen Impfschutz. Eng Meningite, also eng Hirnhautentzündung, ka schwéier neurologesch Schied ausléisen a potentiell déidlech verlafen.