Fra war um Großglockner erfruer5 Méint Prisong op Sursis a Geldstrof fir Frënd vum Affer

RTL Lëtzebuerg
E 37 Joer alen Éisträicher gouf en Donneschdeg zu Innsbruck zu enger Prisongsstrof vu 5 Méint op Sursis an enger Geldstrof verurteelt.
De Großglockner an den éisträicheschen Alpen
© KERSTIN JOENSSON/AFP

Him gouf onfräiwëllegen Doutschlag wéinst graver Noléissegkeet reprochéiert, nodeems hien am Januar d’lescht Joer seng Frëndin bei enger Bierg-Tour um Großglockner, matzen an der Nuecht zeréckgelooss hat, fir Hëllef ze sichen, well si mat hirer Kraaft um Enn war. D’Frëndin war wärend där Zäit erfruer. De Fall hat an der Alpinisten-Zeen fir vill Opmierksamkeet gesuergt, well d’Fro no der genereller Responsabilitéit gestallt gouf, wie fir wie bei esou Toure verantwortlech ass.

Liest dozou och dësen Artikel:

Back to Top
CIM LOGO