Verdacht op Feelverhalen am AmtDe fréiere brittesche Prënz Andrew gouf verhaft

RTL mat AFP
Den Andrew-Mountbatten-Windsor soll als britteschen Handelsemissär dem Jeffrey Esptein vertraulech Dokumenter weidergeleet hunn.
De Prënz Andrew um Begriefnis vun der Duchess of Kent Katherine am Joer 2025.
De Prënz Andrew um Begriefnis vun der Duchess of Kent Katherine am Joer 2025.
© JORDAN PETTITT/AFP

De Brudder vum brittesche Kinnek Charles III. a fréiere Prënz Andrew Mountbatten-Windsor gouf en Donneschdegmoien op sengem Landsëtz zu Sandringham festgeholl. Wéi verschidde brittesch Medien, ënnert hinnen d’BBC mellen, kréich hie “Feelverhalen an engem ëffentlechen Amt” virgeworf.

Wéi et vun der Noriichtenagence AFP heescht, sollen d’Reprochë sech op dem fréiere Prënz seng Zäit als britteschen Handelsemissär bezéien. An dëser Funktioun soll hien dem amerikanesche Financier Jeffrey Epstein vertraulech Dokumenter weidergeleet hunn. Wéi et an engem Statement vun der brittescher Police heescht, hätt een am Kader vun enger Enquête en iwwer 60 Joer ale Mann aus Norfolk, wéinst dem Verdacht vu Feelverhalen an engem ëffentlechen Amt festgeholl. En Numm huet een awer net genannt.

D’brittesch Police huet en Donneschdegmoien dowéinst och op zwou Adresse Perquisitiounen duerchgefouert.

De fréiere Prënz streit d’Reprochen am Kader vun der Epstein-Affär of

De fréiere Prënz Andrew huet trotz fotographesche Beweiser ëmmer nees all Verstréckungen mam Jeffrey Epstein an all Mëssbrauchsreproche vu sech gewisen. Dorënner och d’Virwërf vun där Fra, déi him an hire Memoirë virgehäit huet, si als mannerjäregt Meedche mëssbraucht ze hunn. Si huet sech virun der Publikatioun vum Buch d’Liewe geholl. Uganks des Mounts gouf dunn nach am Kontext vun den Epstein-Files eng Foto public, op där een de fréiere Prënz gesäit, wéi hien iwwert enger Fra knéit, déi um Buedem läit. Kontext an Datum si bis elo net bekannt. Fakt ass, den Andrew Mountbattan-Windsor taucht honnerte Mol an den E-Mail-Echange mam Jeffrey Epstein op, dee sech 2019 am Prisong d’Liewe geholl hat. Dat brittescht Kinnekshaus huet dem Andrew Enn d’lescht Joer alleguerten d’Titelen a militärescht Räng oferkannt. An hien huet missen aus dem Schlass Windsor erausplënneren.


Liest dozou och nach:

Back to Top
CIM LOGO