Prozessoptakt zu Innsbruck33 Joer al Alpinistin zejoert um Großglockner erfruer - Partner viru Geriicht

Diana Hoffmann
Aktuell muss sech hire Partner viru Geriicht zu Innsbruck wéinst onfräiwëllegem Doudschlag veräntwerten.
© KERSTIN JOENSSON/AFP

33 Joer al Alpinistin zejoert um Großglockner erfruer - Partner viru Geriicht

En Alpinist vu 37 Joer muss sech en Donneschdeg zu Innsbruck viru Geriicht veräntwerten. Him gëtt onfräiwëllegen Doudschlag wéinst graver Noléissegkeet reprochéiert, nodeems hien am Januar zejoert seng Frëndin bei enger Biergtour zréckgelooss hat, fir Hëllef sichen ze goen. Seng Frëndin war wärend där Zäit erfruer.

D’Koppel war den 18. Januar 2025 um 6.45 Auer moies lassgaangen, fir op de Großglockner ze klammen. Mat 3.798 Meter deen héchste Bierg vun Éisträich. Ma d’Tour war net verlaf wéi geplangt. Déi zwee Alpiniste ware vill ze lues ënnerwee, sinn an d’Nuecht geroden. D’Temperaturen si gefall. Um Enn huet de Mann seng 33 Joer al Partnerin den 19. Januar um zwou Auer Moies 50 Meter ënnert dem Sommet zréckgelooss, fir Hëllef sichen ze goen. Si war ouni Schutz an ouni Orientéierung.

D’Fra eleng zréckgelooss ze hu soll dem Parquet no awer net deen eenzege Feeler sinn, deen den Ugeklote gemaach soll hunn. Et wier scho “grob fahrlässig” gewiescht den Tour bei wanterleche Verhältnisser mat der Begleederin iwwerhaapt ze maachen, sot de Procureur vun Innsbruck, Hansjörg Mayr schonn Enn zejoert. Den erfuerene Biergsteiger soll net berécksiichtegt hunn, dass seng Frëndin méiglecherweis net genuch Erfarung hat. Dobäi hat si just Snowboard-Softboots amplaz vu Biergschong un. Wou d’Koppel sech getrennt huet, huet de Mann seng Frëndin da weder an eng Rettungsdecken, nach an en Noutfall Biwaksak gepak. Als Responsabele vun der Tour ass de Mann elo wéinst onfräiwëllegen Doudschlag a wéinst graver Noléissegkeet ugeklot.

Dobäi kënnt och nach, dass der Koppel Hëllef ugebuede gi war. Kuerz virun 23 Auer um Owend vum 18. Februar hat e Policehelikopter no hinne gesicht, nodeems hir Kapp-Luuchten zu spéider Stonn op enger Webcam entdeckt gi waren. D’Koppel ass awer weider Richtung Sommet gaangen, ouni dem Helikopter en Zeechen ze ginn, dass een an Nout wier. D’Alpin Police hat dann an der Nuecht och e puer Mol versicht, de Mann iwwer Handy z’erreechen, ma dësen hätt eréischt géint 10.30 Auer moies opgehuewen, trotz permanentem Handynetz. Eréischt um 3.30 Auer hat den Ugekloten de Rettungsdéngscht da selwer kontaktéiert. Annerhallef Stonn nodeems en seng Frëndin zeréckgelooss hat. D’Biergrettung war eréischt den 19. Januar um 10 Auer moies bei der Fra ukomm. Dës war schonn erfruer.

Et géing him onendlech Leed doen, sot den Ugekloten

Den Ugekloten huet en Donneschdeg de Moie viru Geriicht gesot, dass et ëm onendlech Leed géing doen, wat passéiert wier, a wéi et passéiert wier. Virun e puer Méint hat säin Affekot Kurt Jelinek scho gesot, dass hie vun engem “tragesche, schicksalhaften Accident” ausgeet. Et wier eng Tour gewiescht, déi säi Mandant a seng Partnerin zesumme geplangt hätten. Si hätten allen zwee Erfarung gehat a wieren a Form gewiescht. D’Verdeedegung wäert wesentlech Deeler vun der Duerstellung duerch d’Uklo ofstreiden. Zum Beispill wéini Hëllef geruff gi wier a wéi preparéiert d’Koppel gewiescht wier.

Et ass seelen, dass en Ongléck an de Bierger strofrechtlech esou opgeschafft gëtt. De Fall wërft grondsätzlech Froen op: Bis wouhi ka perséinlech Risikobereetschaft goen a wéini fänkt déi rechtlech Responsabilitéit fir aner Alpinisten un? D’Zeréckloosse vun engem Partner wier en No-Go, hat déi éisträichesch Biergsportlegend Peter Habeler sech schonn zum Virfall geäussert. Net verstoe kéint een, wat de Partner vun der Fra wëlles hat. Fir am däischteren iwwert de Sommet ze klammen, an dono eng Hütt unzesteieren, déi net emol besat gewiescht wier. Dëst wier eng ganz obskuer Geschicht huet de Biergprofi gemengt.

Am Prozess wäert et elo ëm Alpin Sécherheet an ëm Entscheedungsprozesser goen. De Fall gesat, dass et géing zu enger Verurteelung vum Mann kommen, wiere bis zu dräi Joer Prisong méiglech. Well bal eng Dosen Zeie geluede ginn, ass net dovunner auszegoen, dass de Prozess an engem Dag op en Enn kënnt.

Back to Top
CIM LOGO