
An der Lëtzebuerger Strooss zu Péiteng koum et deemno am Nomëtten an enger Wunneng zu engem Iwwerfall, bei deem e Mann e Bekannten iwwerfall an och kierperlech attackéiert huet. D’Affer koum fir eng Kontroll an d’Spidol, huet der Police spéider dunn allerdéngs gemellt, datt et nees zu engem Tëschefall koum, bei deem se vum selwechten Täter mat engem Messer menacéiert gouf. Eng Policepatrull konnt den Ugräifer op der Plaz stellen a festhuelen, d’Messer gouf saiséiert. Hie kënnt am Laf vun en Donneschdeg virun den Untersuchungsriichter.
Zu engem weideren Iwwerfall koum et iwwerdeems owes op der Héicht vun der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg. E Mann huet enger Fra hei den Handy aus dem Grapp gerappt an ass fortgelaf. Eng Enquête gouf lancéiert.