Doud vum franséische Rietsextremist Quentin DeranqueSiwe Persoune riskéiere Prozess wéinst "virsätzlechem Doudschlag"

Fanny Kinsch
Ënnert de Verdächtege sinn och Membere vum lénksextreme Grupp "Jeune Garde". Dowéinst geréit och d'Partei "la France Insoumise" ëmmer méi ënner Drock.
Eng Gedenkzeremonie fir de rietsextreeme Quentin Deranque.
Eng Gedenkzeremonie fir de rietsextreeme Quentin Deranque.
© SEBASTIEN SALOM-GOMIS/AFP

Siwe Persoune riskéieren de Prozess wéinst “virsätzlechem Doudschlag” a sëtzen dowéinst an Untersuchungshaft, dat huet den zoustännege Procureur vu Lyon en Donneschdeg am fréien Owend gesot am Kontext vum gewaltsamen Doud vum 23 Joer alen Quentin Deranque d’lescht Woch. Anerer kéinten nokommen, well déi Verdächteg si bis elo nach net all identifizéiert, huet de Procureur präziséiert.

Doud vum Quentin Deranque: Siwe Persoune riskéieren e Prozess / Fanny Kinsch

Ënnert de Verdächtege sinn och Membere vum lénksextreme Grupp “Jeune Garde”. Dowéinst steet zanter Deeg och d’Partei “la France Insoumise” ëmmer méi ënner Drock. De franséische President Emmanuel Macron warnt iwwerdeems virun enger Gewaltspiral. An der Republik géing et keng Plaz gi fir Beweegungen déi Gewalt ausüben oder legitiméieren, sou de franséische President um wärend enger offizieller Rees an Indien:

“Rien ne saurait justifier l’action violente, rien. Et donc, à chaque fois qu’il y a des gens qui vous expliquent qu’ils ont mis en place des milices pour faire de l’autoprotection, qu’il y a telle ou telle chose parce qu’il y aurait de l’autre côté un discours de violence et qu’ils la légitiment, il ne commettent pas simplement une faute politique, ils commettent une faute morale et créent les conditions de ce qui arrive. Tout le monde partout doit faire en effet le ménage.”

D’Famill vum Quentin Déranque huet iwwerdeems iwwert hiren Affekot zur Rou opgeruff. Eng Woch ass et haut hir, dass den 23 Joer ale Rietsextreme liewensgeféierlech blesséiert gouf, e Samschdeg ass de jonke Mann u sengen uerge Kappverletzunge gestuerwen. Um Bord vun enger Demonstratioun géint d’Europadeputéiert vun der France Insoumise Rima Hassan war et zu Kläppereien tëschent riets- a lénksextremen Aktiviste komm.

Wéinst hire Lienen zu der “Jeune Garde”, enger antifaschistescher Grupp, déi leschte Summer vum Inneministère opgeléist gouf an déi mat der Dot a Verbindung bruecht gëtt, steet d’France Insoumise staark ënner Drock. Macronisten, Konservativer a Rietsextremer maachen d’Partei ronderëm de Jean-Luc Mélenchon fir den Dout vum Quentin Déranque mat responsabel. De President vum Rassemblement national Jordan Bardella huet op enger Pressekonferenz en Dënschdegowend zu engem Cordon sanitaire géint d’France insoumise opgeruff.

“J’appelle donc à constituer un véritable cordon sanitaire pour isoler La France insoumise et la tenir à l’écart des institutions, que ce soit à l’Assemblée nationale où ses députés siègent dans de nombreuses instances ou en vue des prochaines élections municipales.”

D’Récktrëttsfuerderunge géint den Deputéierte vun der France Insoumise Raphaël Arnault gi méi haart. Ënnert de Verdächtegen déi zanter en Dënschdeg festgeholl gi sinn, sinn zwee Mataarbechter an ee fréiere Stagiaire vum Deputéierten. Den Deputéierten ass Matgrënner vun der Jeune Garde a selwer wéinst enger Gewaltdot virbestrooft.

De Koordinateur vun der France insoumise Manuel Bompard huet en Ausschloss vum Raphaël Arnault en Donneschdeg de Moie géigeniwwer France Info awer zréckgewisen.

“En vertu de quelles règles un employeur devrait être responsable des actes commis par ses salariés?”

Eng fir e Samschdeg geplangten Demonstratioun fir un de verstuerwene Quentin Déranque ze erënneren, suergt iwwerdeems fir Nervositéit. Nach ass net kloer, ob se wäert accordéiert ginn. De Buergermeeschter vun der Stad, den Ekologist Grégory Doucet, fuerdert en Donneschdeg, datt de Cortège verbuede gëtt, wéinst dem Risiko vu weiderer Gewalt.

Zu Lyon kënnt et zanter Joren ëmmer nees zu Ausernanersetzunge mat Gewalt tëschent rietsextremen a lénksextreme Gruppen. D’Extrème droite ass gutt etabléiert an der ostfranséischer Stad. Eleng zanter 2010 goufen et dem lokale Medium “Rue89Lyon” no iwwer 100 Gewaltdoten duerch Rietsextremer.

Back to Top
CIM LOGO