Nom Verdacht, datt Geforestoffer am Reichstag zu Berlin austriede géingen, ginn d’Pompjeeën Entwarnung. Et wier e “Feelalarm” gewiescht, sot e Spriecher vun de Pompjeeën en Donneschdeg de Moien der Noriichtenagence AFP. Géint 5.15 Auer hätt am Gebai en automatiséierte Gasmelder ausgeléist. D’Secouristen hätte mat hire Miesapparater awer kee Geforestoff kënne feststellen.
Et wier awer net auszeschléissen, datt den Alarm wéinst de Botzmëttel am Raum oder engem Defekt vum Gasmelder ausgeléist gouf, sot de Spriecher weider. D’Pompjeeë waren him no mat ronn 80 Leit op der Plaz. Den Accès bei de Reichstag, dee wéinst dem Alarm gespaart gi war, soll nom Ofschloss vum Asaz nees opgoen.