Trotz Zoll-Politik vun TrumpUS-Aussenhandelsdefizit fir Wueren am Joer 2025 op engem Rekord-Héich

AFP, iwwersat vun RTL
© CHIP SOMODEVILLA/Getty Images via AFP

Domadder huet d’Zollpolitik vum US-President zejoert nëmmen deelweis dat gewënschten Zil erreecht: Wéi Zuelen aus dem Handelsministère an den USA kloer weisen, war den Defizit (méi Import, wéi Export) op ronn 1,24 Billiounen Dollar geklommen, ronn 2,1% méi wéi nach am Joer 2024.

Eigentlech wollt den US-President Trump d’Importer mat sengen Taxen däitlech erofdrécken, fir esou d’US-Industrie unzekuerbelen an Aarbechtsplazen ze schafen. Ma d’Importer an den USA sinn dem Ökonom Chad Brown vum “Peterson Institute for International Economics” awer staark geklommen, virun allem wéinst héijen Investitiounen an d’Kënschtlech Intelligenz: US-Entreprisen beispillsweis importéiere fortschrëttlech Hallef-Leeder a weidert Ekipement fir modern Rechenzenteren.

D’Exporter vun de Vereenegte Staate hunn zwar och zougeluecht, ma vill manner staark, wéi d’Importer. Virun allem a Branche wéi d’Aviatioun, Energie a Pharma sinn d’Exporter dem Ministère no geklommen.

Beim Aussenhandelsdefizit mat Wueren, plus Servisser, ass et dann awer zu enger klenger Diminutioun komm. Hei ass d’Zomm vun 903,5 Milliarden Dollar am Joer 2024, op 901,5 Milliarden Dollar am Joer 2025 zeréckgaangen.

Back to Top
CIM LOGO