D'Gripp huet eis däitsch Noper fest am Grëff. Eleng d'lescht Woch wiere ronn 14.000 confirméiert Fäll vun Influenza registréiert ginn.

Et wier deen héchste Chiffer, dee bis ewell fir des Saison notéiert gouf, heescht et vun den Experten vum Robert-Koch-Institut. Wéi et weider heescht ass d'Zuel vun all de confirméierte Fäll zanter Oktober zejoert op iwwer 43.000 geklommen.

Bis ewell goufen an Däitschland 126 Doudesfäll registréiert, déi op d'Suitte vun der Influenza zeréckzeféiere sinn. Bal all d'Patienten, déi d'Krankheet net iwwerlieft hunn, ware méi al wéi 60 Joer.