An Holland koum e Geriicht zur Conclusioun, datt en 12 Joer ale Bouf eng Chemotherapie, am Kampf géint Kriibs, dierf refuséieren.

De Riichter huet festgehalen, datt de Bouf selwer iwwert seng Therapie ka bestëmmen.
Hien hat Enn d'lescht Joer en Tumor aus dem Gehir erausoperéiert krit a sollt dono eng Chemotherapie maachen. Aus Angscht virun den Niewewierkungen refuséiert hien déi awer a setzt op eng alternativ Behandlung.

De Papp vum Kand wollt mat engem Geriichtsuerteel eng Chemotherapie erzwéngen.