Et war de bekanntsten a renomméiertsten 3-Stäre-Restaurant an Däitschland, ma virun annerhallwer Woch ass d'Schwarzwaldstube zu Baiersbronn ofgebrannt.

E Gebai vun 230 Joer, wat schonn zanter Generatioune vun der nämmlechter Famill geféiert gëtt, ass elo zerstéiert. Eng beléifte Platz fir vill Lëtzebuerger, an dat net nëmme wéinst dem Iessen, mä och wéinst dem Wellness-Hotel Traube Tonbach vis-a-vis vun de Restauranten .

Et war an der Nuecht vum 5. op de 6. Januar, an där d'Awunner vun Tonbach an der Gemeng Baiersbronn duerch Sireenen, Damp a Flame waakreg goufen. D'Schwarzwaldstube stoung deen Ament a Flamen. Bis an de fréien Mueren hunn iwwer 100 Pompjeeën d'Feier geläscht, wat do och lénks a riets 2 weider Restauranten a Brand gesat hat.

Den Heiner Finkbeiner ass elo nach entsat. Zanter Generatioune féiert seng Famill den Hotel Traube Tonbach mat den 3 Restaurant, ma déi Nuecht wäert hie wuel sou séier net méi vergiessen.

Mir hunn en Abléck an dat kritt, wat nach iwwereg bliwwen ass. Fir den Heiner Finkbeiner en Desaster, ëmmerhin gouf hien an dësem Haus gebuer, ass hei grouss ginn an huet de Betrib vu sengen Elteren herno iwwerholl.

Psychologesch ass et schwéier ze verschaffen, et si virun allem d'Erënnerungen no esou ville Joren, déi wéi dinn. Wie sech hei Hëllef erwaart, ass feel un der Plaz, et ass de Glawen un d'Famill, deen hei zielt.

Gléck am Ongléck

Eréischt bei eise Loftopname gëtt ee sech dem Ausmooss vum Feier bewosst. Iwwereg bliwwen ass net méi vill, ze retten gëtt et och näischt méi.

Brandstëftung ass ausgeschloss. Aus Sécherheetsgrënn goufen an der Nuecht vum Feier 65 Persounen aus dem Hotel evakuéiert. Dorënner och lëtzebuergesch Clienten, déi awer net panikéiert sinn.

Den Heiner Finkbeiner kuckt positiv no vir. Iwwer eng Woch nom Tëschefall, ass d'Decisioun getraff: Opginn ass keng Optioun. Bis dohi musse sech d'Frënn vun der Gastronomie awer nach e bësse gedëllegen. Gutt Noriicht fir ons Wäikenner, all d'Wäiner konnten aus de Wäikelleren integral gerett ginn.