Optakt Virwalen 3. Februar
US-Korrespondenz vum Philip Crowther iwwer d'Télé-Duell vun den Demokraten
US-Korrespondenz vum Philip Crowther
Am US-Bundesstaat Iowa ass den 3. Februar den Optakt vun de Virwale vun den Demokraten, wou bestëmmt gëtt, wien Presidentschaftskandidat soll ginn.
Am US-Bundesstaat Iowa ass den 3. Februar den Optakt vun de Virwale vun den Demokraten, wou bestëmmt gëtt, wie Presidentschaftskandidat soll ginn.
Genee do war an der Nuecht op e Mëttwoch och eng weider TV-Debatt tëscht 6 vun den demokratesche Kandidaten.
Dobäi gouf d’Agéiere vum President Trump an der Iran-Affär schaarf kritiséiert. Den Ex Vize-President Joe Biden huet dem Trump carrement virgehäit, gelunn ze hunn an der Argumentatioun, firwat een de Generol Soleimani misst liquidéieren. De Senateur Bernie Sanders huet virun engem Krich gewarnt, dee méi schlëmm kéint ausfalen wéi den Irakkrich.
Am RTL-Journal war et d'Analys vum Philip Crowther.
Am meeschte gelies