Matzen an der weltwäiter Virus-Kris, herrscht den Ament och weiderhin de Präis-Krich am Pëtrol-Secteur.

Saudi-Arabien huet haut decidéiert, fir d’Exportatioun op 10,6 Millioune Barrel Réiueleg pro Dag an d’Luucht ze hiewen.

Déi Annonce vum weltwäite Leader u Pëtrol-Exporter kënnt zu engem Ament, wou e Noloosse vun der Demande, op Grond vun der Corona-Pandemie, d’Präisser schonns ferm an de Keller fale gelooss huet.