Wéinst Covid-19
US Fed proposéiert auslänneschen Zentralbanken Dollaren

© pixabay
En Echange fir US-Scholde kënnen Zentralbanken US-Dollare bei der „Fed“ kréien.
Fir den Ëmlaf vun US-Dollaren ze stäerken, lancéiert d'US-amerikanesch Zentralbank een neie Programm. Vum 6. Abrëll un a fir op d'mannst 6 Méint kënnen auslännesch Zentralbanke Scholden, sougenannt US-Treasuries, bei der Federal Reserve mat US-Dollaren austauschen.
"Fed" schreift: Dës Mesurë soll de Marché vun den Obligatioune stabiliséieren, andeems eng alternativ Quelle un Dollare geschaaft gëtt. Wéinst der Corona-Kris ass d'Demande vun Dollare staark geklommen.
Am meeschte gelies