Restriktiounen am Kader vun der Corona-Kris hunn dausende Mënscheliewe gerett

© ERIC LALMAND / BELGA / AFP
Enger neier Etüd no hunn d'Mesuren eleng an 11 europäesche Länner bis elo ronn 59.000 Mënschen d'Liewe gerett.
Ouni dës Mesurë wiere beispillsweis an Däitschland ronn 550 Persoune méi ze bekloen. Dat hu Wëssenschaftler vum Imperial College zu London elo ënnersicht an ausgerechent. Hei gouf haaptsächlech ënnersicht, wat fir en Impakt dës Moossnamen an 11 europäesche Länner hunn, Mesuren, déi zu ënnerschiddlechen Zäitpunkte geholl goufen.
Zu dëse Mesure gehéiere Quarantän fir Infizéierter, Schoulen an Universitéiten déi zou gemaach goufen, Verbuet fir Versammlungen, Ofstand anhalen an d'Verbuet fir eraus ze goen. Et geet een och dovunner aus, dass dës Mesuren an anere Länner änlech Auswierkungen dierft hunn. An Italien, dem Land dat am stäerkste vun der Pandemie betraff ass an als éischte strikt Mesuren ergraff huet, goufen deemno déi meeschte Mënscheliewe gerett.
Hei eng Lëscht mat den 11 Länner a wéi vill Leit wuel gerett goufen:
Italien: 38.000 Mënschen
Spuenien: 16.000 Mënschen
Frankräich: 2500 Mënschen
Belsch: 560 Mënschen
Däitschland: 550 Mënschen
Groussbritannien: 370 Mënschen
Schwäiz: 340 Mënschen
Éisträich: 140 Mënschen
Schweden: 82 Mënschen
Dänemark: 69 Mënschen
Norwegen: 10 Mënschen