A Russland ass e Puppelchen op d'Welt komm, dee positiv op de Coronavirus getest gouf. D'Mamm war infizéiert.

Et ass just ee vu ganz wéinege weltwäit bekannte Fäll.

Déi schwanger Mamm war mam Coronavirus infizéiert. Hiert d'Kand, dat e Sonndeg op d'Welt komm ass, gouf mam Virus gebuer. Antëscht si Mam a Kand doheem, hiren Zoustand wier gutt.

Am Peru war Mëtt Abrëll och schonn en Neigebuerent positiv op de Virus getest ginn. De Gesondheetsministère hat erkläert, et wier weltwäit den zweete Fall vun engem positiv geteste Neigebuerenen. Vu 35 Fraen, déi kuerz virun der Gebuert stoungen, waren der 17 positiv.

Russland steet an der Corona-Pandemie mat iwwer 280.000 Infektiounen op Plaz 2, hannert den USA. Offiziell si ronn 2.600 Mënschen u Covid-19 gestuerwen. D'Donkelziffer kéint awer däitlech méi héich sinn, sou Experten.