
Déi 42 Joer al Jasveen Sangha, déi als “Ketamin-Queen” bekannt gouf, hat zouginn, de Perry mat enger déidlecher Dosis vum Déidungsmëttel Ketamin versuergt ze hunn.
De Matthew Perry, deen an den 90er an der Serie “Friends” weltberüümt gouf, war am Oktober 2023 dout am Whirlpool vu sengem Haus zu Los Angeles fonnt ginn. Bei der Autopsie gouf eng héich Dosis vun der Drog a sengem Blutt fonnt.
Dem Perry seng Roll als de witzegen Chandler Bing an der Serie “Friends” huet hien an den 90er iwwernuecht zum Star gemaach. A senger Autobiografie, déi 2022 erauskoum, hat hien iwwert säi jorelaange Kampf mat Medikamentesucht an Alkoholismus geschriwwen. Hie wier iwwer d’Joren an Dosenden Ariichtunge gewiescht, fir nees dovunner fort ze kommen.
Am Zesummenhang mam Matthew Perry sengem Doud goufe schonn zwee Doktere verurteelt, déi och dorunner bedeelegt waren, datt de Schauspiller Ketamin geliwwert krut. Nach dëse Mount sollen ausserdeem Urteeler géint ee Mëttelsmann vun der “Ketamin-Queen” a géint dem Perry säi perséinlechen Assistent gesprach ginn. Hien hat dem Schauspiller viru sengem Doud op d’mannst dräi Dose Ketamin gesprëtzt, déi de 54 Joer ale Star dunn d’Liewe kascht hunn.
Nodeems d’Jasveen Sangha d’Nouvelle vum Perry sengem Doud héieren huet, soll d’Dealerin den Ermëttlungen no probéiert hunn, hir Spueren ze verwëschen. Bei enger Perquisitioun an hirem Haus hunn d’Beamte Kokain, Ketamin, Crystal Meth, Ecstasy a gefälscht Antidepressiva fonnt. Och eng Maschinn, fir Suen ze zielen, war do. Zanter August 2024 sëtzt si elo schonn am Prisong.