Am ÄermelkanalVéier Migrante stierwe beim Versuch an England ze reesen

AFP, iwwersat vun RTL
Déi véier goufen, beim Versuch an e Boot ze klammen, vun der Stréimung mat fort gerappt.
Migranten u Bord vun engem Taxi-Boot am September 2025
Migranten u Bord vun engem Taxi-Boot am September 2025
© SAMEER AL-DOUMY/AFP

En Donneschdeg de Moie si véier Persounen - zwee Männer an zwou Fraen - beim Versuch, den Äermelkanal vu Frankräich aus a Richtung England ze iwwerbrécken, gestuerwen. Wéi de Préfet vum franséischen Departement Pas-de-Calais, de François Lauch sot, hätten déi véier versicht, u Bord vun engem sougenannten “Taxi-Boot” ze klammen, wéi si vun der Stréimung erfaasst gi sinn a matgerappt goufen.

Am Äermelkanal: Véier Migrante stierwe beim Versuch an England ze reesen
Déi véier goufen, beim Versuch an e Boot ze klammen, vun der Stréimung mat fort gerappt.

De Bilan vun de véier Doudesaffer wier iwwerdeems nach provisoresch. Eng fënneft Persoun, déi beim Versuch dobäi gewiescht wier, géif den Ament mat enger uerger Ënnerkillung an der Urgence leien. 37 aner Persounen, déi och an d’Boot klamme wollten, wieren nom mëssgléckte Versuch op der Plaz vu Secouriste versuergt ginn.

Bei der sougenannter “Taxi-Boot-Method”, loossen d’Schleiser e Stéck vun der Küst ewech e Schlauchboot an d’Waasser, dat dann en Tour mécht, fir Gruppe vu Migranten op verschiddene Plazen anzesammelen. Dës mussen dofir dacks bis zu der Hëft am Waasser stoen, fir op d’Boot ze waarden. Wéinst de staarke Stréimungen am Äermelkanal ass dat mat engem grousse Risiko verbonnen. D’Schleiser setzen dës Methode an, fir de Risk, entdeckt ze ginn, ze minimiséieren.

Back to Top
CIM LOGO