
De Streik soll tëscht 00.01 an 22.00 Auer d’Departe vun der Lufthansa AG vun de Fluchhäfe Frankfurt am Main a München betreffen, wéi d’Gewerkschaft “Unabhängige Flugbegleiter Organisation” (UFO) e Mëttwoch matgedeelt huet. Grond fir de Streik wieren déi gescheitert Verhandlunge fir een neie Kollektivvertrag.
Nodeems d’Lufthansa bannent bal fënnef Méint net op d’Fuerderunge vum Bordpersonal agaange wier, wieren d’Verhandlungen aus der Siicht vun der Gewerkschaft gescheitert. D’UFO huet drop higewisen, datt sech an der Konsequenz 94 Prozent vun de Befroten an enger Ofstëmmung fir Streik-Mesüren ausgeschwat hätten.
“Mir hunn iwwer d’Ouschterfeierdeeg bewosst keng ‘Aarbechskampfmesüren’ ëmgesat, fir d’Auswierkungen op d’Passagéier esou kleng wéi méiglech ze halen”, esou den UFO-President Joachim Vázquez Bürger. “Datt et elo awer ka sinn, datt et Stéierunge beim Retour aus der Vakanz ka ginn, ass eis ganz bewosst a mir bedaueren dat ausdrécklech.”
Aus Siicht vun der Gewerkschaft wier d’Situatioun ze vermeide gewiescht. D’Verantwortung léich bei der Lufthansa, ma déi hätt et bis ewell net emol gepackt, eng Propos ze presentéieren, iwwer déi ee verhandele kéint.
Méiglech Auswierkungen op Lëtzebuerg
Stand en Donneschdeg de Moie 7 Auer hat de Streik nach keng Repercussiounen op d’Flich, déi tëscht Lëtzebuerg a Frankfurt, respektiv Lëtzebuerg a München geplangt sinn.