No enger Fermeture vu 6 Méint mécht dat berüümten indescht Monument seng Dieren op.

Vun e Méindeg u kënne Visiteuren nees d'Raimlechkeete vum Taj Mahal besichen. Eng Ouverture, déi wéinst deene villen neie Fäll ëmstridden ass.

Wärend der Visitt musse sech d'Leit op der Plaz un d'Hygiènesmesuren halen, d'Bauwierk selwer dierf keen upaken. D'Bänk virum Taj Mahal gouf frësch laminéiert, fir dass si reegelméisseg an ouni Schued kann desinfizéiert ginn. Pro Joer reesen eng 8 Millioune Persoune bei de Bau aus wäissem Marmer, deen de Shah Jahan am 17. Joerhonnert huet fir seng verstuerwe Fra baue loossen.

Indien zielt mat sengen 1,3 Milliarden Awunner scho 5,4 confirméiert Fäll a kënnt weltwäit op déi 2. Plaz mat de meeschten Infektiounen. Just an den USA ass d'Zuel nach méi héich.