Zanter dem Ufank vun de Copernicus-Opzeechnunge ass nach ni esou vill Kuelendioxid fräigesat ginn. An d'Saison vun de Bëschbränn ass nach net eriwwer.

Dem europäesche Programm fir Äerdobservatioun Copernicus no hunn déi vill Bëschbränn vun dësem Joer fir déi héchsten CO2-Emissiounen gesuergt zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen virun 23 Joer. Um Gebitt vun der EU a vu Groussbritannien goufe bis Mëtt September duerch Bränn 12,9 Megatonnen Kuelendioxid fräigesat. Domat ass den ale Rekordwäert vun 11,4 Megatonnen aus de Joren 2003 an 2017 iwwertraff ginn.

Besonnesch op der ibeerescher Hallefinsel wieren d'Méint vu Juni bis August staark gepräägt gewiescht vu grousse Bëschbränn. Dräi Véierel vun de Bëschbrand-Emissioune wieren a Spuenien an a Portugal fräigesat ginn. Eleng a Spuenien si méi wéi 350.000 Hektar Land a Vegetatioun de Flamen zum Affer gefall, sou Copernicus.

Mee och an der Tierkei, op Zypern an a Griicheland an um Balkan huet e vill gebrannt. Enn Juli haten déi Responsabel vu Copernicus schonn an der Tierkei an a Griicheland Rekordwäerter constatéiert.